D'Ausrüstung ass zimlech deier,  mee wann een bis eemol alles ugeschaf huet, ass Tauchen keen deiere  Sport méi. (Jiddefalls mol hai am Land, wann een d'Vakanzen mattrechent, ass dat natierlech eng aaner Saach :-) )
Flossen, Taucherbrëll a Schnorchel kriss du an der Piscine gratis geléint, wanns du awer op enger Formatioun um Stau wëlls deelhuelen, muss du déi selwer hunn.
Fläsch, Veste an Détendeur kritt ee gratis geléint bis een ee Brevet  huet (maximal awer während 18 Méint).Â
Wann een also just wëllt um Piscinentraining an un de Fläschentraininger an der Piscine deelhuelen muss ee just an ee Maillot investéieren (an d'Cotisatioun vum Club 60 Euro Cotisatioun + 40 Euro Droit d'Entrée).Â
Fir mat op de Stau tauchen ze goen, muss du virdrunn eng Formatioun matmaachen fir ee Brevet ze kréien. Hai fängt dat ganzt dann un ee bësse méi materialopwendeg an deier ze ginn.Â
Dofir misst du ongeféier rechnen:Â
Cotisatioun an Droit d'Entrée    (100 Euro, muss du och bezuelen, wanns du einfach nemmen an de Club wëlls kommen)Â
Formatioun Brevet   150 EuroÂ
Masque                       ab 40 EuroÂ
Tuba                            ab 15 EuroÂ
Palmes chaussantes           ab 70 EuroÂ
Bottillons                     ab 40 EuroÂ
Gants                           ab 30 EuroÂ
Costume 7mm ab 300 Euro (mir hunn ee puer Costumer fir auszeléinen, wann ee passt kritt een e gäeren geléint, wann déi net passen, muss ee selwer ee kafen)Â
Bläi mat Rimm            ab 100 EuroÂ
Détendeur                   (ab 350 Euro, kritt een awer och vum Club geléint, gratis bis een e Brevet huet awer maximum 18 Méint)Â
Fläsch                          (ab 220 Euro, kritt een awer och vum Club geléint, gratis bis een e Brevet huet awer maximum  18 Méint)Â
Veste                            (ab 300 Euro, kritt een awer och vum Club geléint, gratis bis een e Brevet huet awer maximum  18 Méint)Â
Nom Brevet froen mir dann eng Locatioun vun 5 Euro fir de Set Fläsch, Veste an Détendeur.Â
Déi Lait déi Spaass um Tauchen hunn an och regelméisseg op den Stau tauche ginn kafen sech normalerweis méi spéit dann och nach ee Computer, eng Luut, ee Kompass,...Â
Hai sinn d'Präisser ganz variabel mee zu deem Zäitpunkt weess een normalerweis och wat ee wëllt a säin Hobby investéieren.
War die Information hilfreich?